EXPERTE
Formatiounen

Masterclass

WËLLS DU DÉI VOLL DOSIS LEADERSHIP KRÉIEN ?

Bas du Assistant Chef de Groupe, Chef de Groupe, Commissaire, Equiperespo oder spills mam Gedanken et dat nächst Joer ze ginn ?


Formation pour formateurs

D’Formation Formateurs ass e Brevet  F vum SNJ, an deem s du als Formateur léiers, wéis du däi Wëssen am Beschten un eis zukünfteg Cheffen virunvermëttele kanns.

Fir ween ass d’Formatioun?

Fir all Formateur an der FNEL

Waat muss ech maachen ?

Ech hunn de Brevet C – Animateur (Chef d’unité – CC,CM, CT, RUE) säit minimum 2 Joer

Da muss ech nach 25 Stonne Formatioun matmaachen, d.h.:

8 Stonnen Formatioun beim SNJ  http://www.animateur.snj.lu/fr/brevets/#6

17 Stonne bei der FNEL : dovunner 8 Stonnen Theorie

9 Stonne Preparatioun/Participatioun un de Formatiounsaktivitéiten


Woodbadge

De Woodbadge ass eng Opbauformatioun, déi sech aus zwee Voleten zesummen setzt: engem Camp am Ausland an engem Projet bei dengem Grupp oder an der FNEL.

Fir ween ass d’Formatioun?

Fir all motivéierte Chef, dee mindestens e Brevet C huet an sech mat engem Projet wëll engagéieren.


Scout Academy