Wat asS d'fnel ?

Eis Originen

D'FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) ass 1914 entstanen a war 1922 Grënnungsmember vun der heiteger OMMS (Organisation Mondiale du Mouvement Scout), déi weltwäit iwwer 57 Millioune Jongen a Meedercher am Scoutismus vereenegt.

D’FNEL ass Membre Fondateur vu Scouting in Luxembourg (SIL).  S.A.R. de Grand-Duc héritier Guillaume ass „Chef Scout“ vu Lëtzebuerg.


Eis missioun

De Scoutismus huet als Missioun, mam Wäertesystem ewéi en am Scoutsverspriechen an am Gesetz festgehalen ass, zu der Erzéiung vu jonke Leit bäizedroen an esou ze hëllefen, eng besser Welt ze schafen, mat Leit, déi sech fräi entwéckelt hunn, a prett sinn, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.


SCOUTSVERSPRIECHEN

D’Scoutsverspriechen an d’Scoutsgesetz bestëmmen déi edukativ Prinzipien a Methode vun der FNEL.


“Ech versprieche, mäi Bescht ze dinn,
fir meng Flichte géintiwwer der Gesellschaft a mir selwer z’erfëllen,
fir no onse Prinzipien vum Scoutissem ze liewen
a fir mech mat Iech zesummen anzesetzen fir eng besser Welt.”


SCOUTSGESETZ

  1. E Scout e Wuert

  2. E Scout ass éierlech a fair

  3. E Scout ass manéierlech

  4. E Scout respektéiert jiddereen, sou wéi en ass

  5. E Scout léisst keen am Stach

  6. E Scout setzt sech a fir Ëmwelt an Natur

  7. E Scout mécht aus allem dat Bescht

  8. E Scout mécht all Dag eng BA

  9. E Scout respektéiert, wat him an anere gehéiert

  10. Scouten halen zesummen