tembo

 
Tembo Logo_final_petrol_rond.png

21+ Joer

 

"de sozialen Aspekt duerch de Scoutsgeescht steet am Mëttelpunkt"

All Scout iwwert 21 Joer ass Tembo.
Gläichzäiteg kann een och Chef/Responsabel vun enger anerer Branche sinn.

D’Tembo organiséiere sech als Stamm. Meeschtens sinn et Temboen aus deem selwechten Grupp, déi de Stamm forméieren. De Stamm ass selbststänneg, onofhängeg an organiséiert sech sai Programm selwer. Bei den Tembo ginn et keng Cheffen méi, just nach en Tembo-Responsabel.

D’Tembo sinn esouwuel Ënnerstëtzung fir hire Grupp, wéi och eng Branche mat eegene Projet’en a Programm. 

Bei dëser Branche steet de sozialen Aspekt duerch de Scoutsgeescht am Mëttelpunkt an beräichert hiren Group mat enger laangjäreger Scoutserfahrung.

Duerch Benevolat, konstant Weiderbildung, Entfale vun Kompetenzentwécklung weisen d’Tembo de méi jonke Scouten den Wee a gräifen hinnen ënnert d’Ärm. 

Doriwwer eraus bilde si e gruppeniwwergräifend Netzwierk an deem den Austausch an d’Gemeinschaft am Viirdergrond stinn.


 

Eis Aktivitéiten

BONNE ACTION (BA.), FORMATIOUN a SOZIALKULTURELL PROJETEN

Dës gëtt an alle Branche gemaach, an ass een vun den Haaptpiliere bei den Tembo.

All Stamm ka seng gutt Aktioune selwer definéieren. Heizou zielt alles vun der Bëschbotzaktioun bis zum Volontariat bei eiser ONDG am Nepal. Egal wéi kleng oder wéi grouss, d’BA ass de gudde Geescht vun der Tembobranche.

Jamboree

beim gréisste Scoutscamp vun der Welt, deen all 4 Joer stattfënnt, kanns du als Tembo als International Service Team oder als Chef matgoen.

Volontariat bei der ONGD FNEL

Eng enk Zesummenaarbecht mat der ONGD FNEL gëtt ugestrieft fir am Service Volontaire eng Hand mat unzepaken.

FEDERAL AKTIVITEITEN

Nierwt eiser gemeinsamer BA, dem Mr.X, dem Tembo Keelenowend an den internationale Rencontren, gëtt et bei de FNEL Tembo nach e puer nei an al Traditiounen, wéi z.b de Rover-Temboquiz an natierlech d’Participatioun um Pow-Wow.