ENG | FR | LU
Together creating a better world
 

FNEL SCOUTS AND GUIDES
 TOGETHER CREATING 
A BETTER WORLD

 

alt text

entdeck Ons Welt

Optimized-download-3.jpg

Ons WÄERTER

SPIRITUALITÉIT +

All Mënsch denkt, huet Gefiller a Wäerter, ass sech senger Individualitéit bewosst a stellt sech Froen iwwert sech a seng Welt. D’FNEL respektéiert déi Dimensioun vum Mënsch a nennt se seng Spiritualitéit. Mir wëllen déi Dimensioun an eis, esou wéi an deenen aneren, entdecken, respektéieren a weider entwéckelen.

SOLIDARITÉIT +

Mir sinn ee fir deen aneren do, d’Hëllefen ënnerteneen gëtt gefuerdert, a mir engagéieren eis an nationalen ewéi an internationalen Hëllefsprojeten.

ONOFHÄNGEGKEET +

D’FNEL steet zu den demokratesche Grondwäerter, ass politesch onofhängeg an encouragéiert jidder Eenzelen sech seng eege Meenung ze bilden an zu senger perséinlecher Iwwerzeegung ze stoen. De Scout soll kritesch si vis-à-vis vu gesellschaftspolitesche Froen, op si fir nei Iddien an sech géint mënscheveruechtend Tendenze wieren.

LAÏZITÉIT +

D’FNEL ass e laïzistesche Mouvement. Mir léiere moralesch an ethesch Wäerter op der Basis vum fräien Denken a vu géigesäiteger Toleranz. Philosophesch a reliéis Iwwerzeegungen si jidder eenzelem perséinlech iwwerlooss.

TOLERANZ +

Duerch d’Zesummeliewen am Grupp si mir tolerant ee vis-à- vis vun deem aneren. Duerch international Aktivitéiten entsti Frëndschaften an Oppenheet géintiwwer anere Kulturen.

DEMOKRATIE +

Mir sinn demokratesch, jiddereen däerf a soll matschwätzen.

D'scoutsmethod

D’Scoutsmethod baséiert op den Iddie vum Lord Robert Baden-Powell of Gilwell.
D’Scoutsmethod ass wéi d’Rezept no deem mir funktionéieren.
Spill a Spaass sinn de Peffer an d’Salz vum Scoutissem.

LEARNING BY DOING +

Duerch Selwermaachen léieren e Scout seng Talenter a Fäegkeeten entwéckelen, an engem dem Alter ugepasste Programm. E léiert sech an all sengen Dimensiounen, Kierper, Geescht a Charakter kennen. Heibäi hëllefen him Virbiller an d’Léieren aus Feeler, perséinlech Fortschrëtt ze maachen. Een Deel vun der Method Learning by doing ass d’Spill.

NATUR +

Duerch d’Spill an d’Liewen an a mat der Natur, léiere mir eis Roll am Eco-System verstoen. Mir gi vu Klengem u geléiert, d’Natur ze respektéieren an eis aktiv fir d’Ëmwelt z’engagéieren.

ZESUMMELIEWEN +

D’sozial Dimensiounen erliewe mir am klenge Grupp. Jongen a Meedercher erliewe bei eis de Scoutissem an engem gemeinsame Programm. Jonk an Al schaffen am géigesäitege Respekt mateneen a profitéiere vun den ënnerschiddlechen Iddien, Erfarungen an Opfaassungen. Doduerch si mir e staarke Mouvement, deen ni stoe bleift.

SELBSTÄNNEGKEET +

De Scoutissem bitt d’Méiglechkeet, Selbststännegkeet z’entwéckelen an Entscheedungen mat ze treffen.

RESPONSABILITÉIT +

Am Laf vun senger Entwécklung kritt de Scout ëmmer méi Sënn fir Responsabilitéit. Duerch säin Engagement bei de Scouten iwwerhëlt hien Verantwortung fir seng Ëmwelt, seng Matmënschen an sech selwer. Hie gëtt sech bewosst, datt hien, wéi all aneren, Rechter a Flichten huet, déi en am Scoutsgeescht ausübe kann a soll.

BENEVOLAT +

De Scoutsgeescht verlaangt vun all eenzelem eng fräiwëlleg Aarbecht; eisen Engagement kënnt aus eegene Stécker, aus Iwwerzeegung eraus an ass net bezuelt. De Benevolat ass eng Stäerkt vum Scoutissem, well en eis erlaabt, onofhängeg ze sinn.

TRADITIOUNEN+

D’Traditioune gi vun Al op Jonk iwwerdroen, a sinn d’Verbindung tëschent de Generatiounen. Mir droen eng Uniform, déi eis Zesummegehéieregkeet ausdréckt. Mir benotze Symboler an Zeremonien, déi eisen Aktivitéiten e roude Fuedem ginn. Traditiounen däerfe keng Barrière sinn, mee si solle Brécke bauen op eisem Scoutswee; duerfir musse si dem Zäitgeescht ugepasst ginn.

52020bda (1).png
 
 

EIS BRANCHEN

 
 
 
 

Fann déi nooste Grupp

Member ginn
 
 
Fichier 2.png

AM GANZE LAND ze fannen

Du wëlls Member ginn? Du sichs e Grupp?

FNEL, dat sinn 29 lokal Gruppen déi op dech waarden.

 
Gruppen
Op der Kaart
52020bda.png

entdeck de scoutismus

t.jpg

National SCOUTEN

D’SCOUTE SINN DAT WELTWÄIT GRÉISSTEN NETZWIERK FIR KANNER A JUGENDLECHER TËSCHT 5 A 26 JOER.

HEI KANNS DU, E LIEWE LAANG, DUERCH SELWER PROBÉIREN, DECH WEIDERENTWÉCKELEN, ENTDECKEN A BÄILÉIEREN.

scout strassen-23.jpg

INTERNATIONAL SCOUTEN

40 Millioune Scouten a Guiden op der Welt
216 Länner an Territoiren
6 Regiounen
1 Iddi - ZESUMME FIR ENG BESSER WELT

FORMATIOUNeN

Entdeck eis Formatiounen

 
 
 
52020bda.png

EIS ËNNERSTËTZEN

Däin Engagement ass wichteg, Ënnerstëtz de FNEL Scoutimus.

“Try and leave this world a little better than you found it.”
Gëff Benevole.