Fun Facts: Wousst du schon?

50 Milliounen Scouten weltwäit

D’World Organization of the Scout Movement (WOSM) zielt haut mei wei 50 Milliounen Scouten weltwäit.


Just 5 Länner hun keng Scouten

An 216 Länner ginn et haut Scouten. Just 5 Länner op der Welt hunn den Moment keng Scouten. Zu hinnen gehéieren Kuba, Nord Korea, Laos, Andorra an den Vatikan Stad.

  • Kuba hat d’Asociación de Scouts de Cuba vun 1927 bis 1961 mee et gouf verbannt vun den Kommunisten an ersat duerch José Martí Pioneer Organization, déi net vun WOSM unerkannt gouf.

  • Nord Korea hat och eng Korea Scout Association vun 1922 bis 1950 déi gouf och verbannt vun den Kommunisten an ersat duerch Korean Children’s Union, och genannt the Young Pioneer Corps. Dës gouf och net vun WOMS unerkannt.

  • Laos hat och Scouts Lao vun 1959 bis 1975, déi och verbannt vun den Kommunisten verbannt goufen.

  • Andorra hat och Scouts d’Andorra mee déi sinn 1980 inaktiv ginn. Haut ginn déi meescht vun do entweeder a Frankräich oder Spuenien

  • Am Vatican Staat wunnen einfach ze wéineg Leit fir do Scouten op ze maachen.


Indonesien Huert déi Meeschten Scouten

An Indonesien goufen 2012 iwwer 21.5 Milliounen Scouten gezielt. Domadder kommen bal d’Hallschent vun allen Scouten weltwäit aus Indonesien.


Dei éischt ScoutsGrupp aus GroussBritanien

Ween heet dat geduercht…? Mee déi fréier brittesch Kolonie hat di éischten Scoutsgrupp vun Groussbritannien. Säit dem 21. September 1964 ass Malta allerdéngs onofhängeg an gehéiert net méi zu Groussbritannien.


Et ginn insgesamt 6 Wosm Regiounen

D’World Organization of the Scout Movement (WOSM) ass an insgesamt 6 Regiounen agedeelt. Zu hinnen gehéieren Afrika, Arabien, Asia-Pazifik, Eurasie, Europa an Zentralamerika. Des 6 Regiounen treffen sech all dräi Joer fir eng Regional Scouts Conference.