Éischt Schrëtt
FORMATIOUNEN

éischt Klass

Du hues deng 2. Klass a wëlls eng flott Formatioun mat anere Scouten erliewen? 

Konstruktiounen – Hike – Feierdësch – Patrulleliewen –

Du wëlls méi driwwer wëssen, wat déng Patrull alles op d’Been stelle kann?

Dann ass dat déi richteg Formatioun fir dech.


Explorerbrevet

Den Explorer-Brevet ass fir all Explorer, deen zesumme mat aneren Unitéiten e spannende Camp erliewen wëll an dobäi och nach eng flott Entreprise wëll duerchféieren. Du kanns dech eleng umellen oder zesummen mat aneren Leit aus dénger Unitéit. Op iech waarden Survival, Biwaken, Spaass an Spannung an natierlech kënnt dir hei och eegen Iddien mat abréngen.


Bosses & Bobos

Um Bosses et Bobos léieren all eis zukünfteg Cheffen a klengen Atelieren nom Prinzip vum „Learning by doing“ waat ze maachen ass am Fall vun engem Accident oder Noutfall, den Ëmgang mat Wonnen um Camp, en verantwortungs- an respektvollen Ëmgang mat ongewéinleche Situatiounen, Feierläschen, de Prinzip vum „Safety First“ an Präventioun op Scoutsaktivitéiten.

Fir ween ass d’Formatioun?

De Bosses et Bobos ass obligatoresch fir Formatiounskandidaten am 1. Cycle (ACU), mee et ka jiddereen, deen interesséiert ass, drun deel huelen.