BEAVER

 
Element 1@720x.png

5-7 Joer

 

" DEELEN, DEELEN, DEELEN "

D’Beaver sinn déi klengst an déi jéngst Branche an der FNEL.

Et si jonk Kanner am Alter vu 5-7 Joer, déi sech “um Weier” begéinen, fir zesumme mat hire Beaver-Frënn Freed ze erliewen, sech z'ameséieren a fir vill Neies ronderëm d’Natur an de Bësch kennen ze léieren.

Si liewen an der Beaver Colonie a klenge Gruppen agedeelt: d’Beaverdämm, déi alleguer de Numm vun engem Bam droen.

Si liewen no der Geschicht: d’Frënn aus dem Bësch. An där begéine sech eng Mënschefamill an eng Beaverkolonie a léiere mateneen deelen an erliewen zesumme flott Aventuren am Bësch.

 
Castors 2.jpg

Eis Aktivitéiten

Zesumme laachen
Iwwert den Tellerrand kuken
Neies kenne léiren
Zesummenhalt & Frëndschaft
Scoutentechniken
Spill a Spaass
Kachen
Liewen am Bësch
Spiller

 
Beavergeschicht_audio_Flyer.png

D'Beavergeschicht

Et war eemol e grousse Biwerjong, dee sech enges Daags geduecht huet, dass et un der Zäit wier, fir an déi grouss Welt erauszegoen. Dëse jonke Biwer huet Bibu geheescht. En huet seng Saachen zesummenegepaakt an huet sech op de Wee an déi grouss Welt gemaach.
Zu nämmlechter Zäit, op der anerer Säit vum grousse Bësch, huet och d’Jolly, e jonkt Biwermeedche sech geduecht, dass de Weier elo ze kleng gi wier fir all déi vill Biwergeschwester a Biwerbridder, an och hatt huet sech op de Wee gemaach, fir en neit Doheem ze fannen.
Si waren allen zwee laang ënnerwee. Op eemol huet d’Jolly eppes héiere raschelen an huet sech séier hannert dem Bam verstoppt. E lëschtegen, jonken an flotte Biwerjong koum de Wee eropgetrëppelt an huet sech gefreet, fir ënnerwee ze sinn.
D’Jolly ass aus senger Stopp gesprongen an huet ouni Angscht gefrot, wéi deen onbekannte Biwer heescht. Séier hunn déi zwee sech gutt verstan an hunn decidéiert zesumme weider ze trëppelen an zesummen en neie Weier fir en neit Doheem ze sichen.
No enger laanger Sich war dat neit Doheem och fonnt an si hunn e schéinen, groussen a stabillen Damm gebaut. Kuerz duerno waren och scho kleng Biwer op der Welt an déi jonk Biwerfamill huet ugefaangen de Bësch an seng Bewunner besser kennen ze léieren. Mat Hëllef vun der Eil Malak an dem Kaweechelchen Tictac hunn si séier alles iwwert hiert neit Doheem geléiert. All Dag erliewe si vill kleng Aventuren a léieren all Dag e sëllegen nei Saachen, iwwert d’Menschen, d’Déieren, de Bësch an d’Welt.

Déi ganz Geschicht fannt Dir och als Héierbuch op Youtube - hei de Link: