Pizza-Owend bei den Mamer Wiselen
mars
14
6:00 PM18:00

Pizza-Owend bei den Mamer Wiselen

https://www.facebook.com/events/198341878015290/

Léif Frënn vun den Mamer Wiselen,

och dëst Joer organiséieren mir nees den Pizza-Owend zu Mamer am Scoutshome. Souwuel Kleng wéi och Grouß ass härzlech invitéiert zesummen mat eis an engem flotten Kader dësen Owend ze verbrengen.

All déi wichteg Informatiounen fann dir uewen an eisem Flyer an umellen kënn dir iech per Mail iwwert den souche@mamerwiselen.lu.

bis dann geschwënn den 14. März,

Lenks Patt,

är Cheffen an Comité MW

Voir l'événement →
Rotembo Keelentournoi
mars
7
5:00 PM17:00

Rotembo Keelentournoi

https://www.facebook.com/events/522514635035844

--- Dëst Event ass fir Rover an Tembo vun der FNEL reservéiert---

No dem groußen Erfolleg vum leschten Keelentournoi, erfollegräich organiséiert vun den Iechternacher Quaichleken, hunn mir dëst Joër, no eiser Victoire, d'Chance dëst Event ze organiséieren.

Mir erwaarden iech fir 17:00 am héigen Eisleck an entlossen iech fir 22:00. Fir den eidlen Mo ze stäipen zervéieren mir Ham, Fritten an Zalot.

D'Reeglen sin déi selwescht wéi déi vum leschten Joër: Lëtzebuergescht Oofraumen mat Punkten zielen.

Wann ären Interessi elo gekëddelt ginn ass, mellt iech séier un well d'Plaazen sinn limitéiert (max. 35 Leit).
Mir bräuche folgend Infos:
1) Groupe
2) Ekippennumm
3) Nimm vun den 5 Spiller (och gear Intergroupen ekippen)

Deelt eis dës Infos iwert den pnl.fnel@gmail.com bis den 1. März mat.

De Präiss läit bei 25€/Persoun an dës sinn no der Umelldung ob eisen Konto ze iwerweisen, deen dir dann gescheckt kritt. Reicht mam Virement ass d'Umelldung vollstänneg.

2020.03.07_Rotembo_keelen.jpg
Voir l'événement →
Buergbrennen zu Luerenzweiler
mars
1
7:00 PM19:00

Buergbrennen zu Luerenzweiler

https://www.facebook.com/events/174217487125531/

D’Scouten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen Sonndes den 1. März zu Luerenzweiler op der Schanz.

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 16:00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.

Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Voir l'événement →
Buergbrennen - Fête des brandons
mars
1
3:00 PM15:00

Buergbrennen - Fête des brandons

https://www.facebook.com/events/207327653646739/

Traditionnelt Buergbrennen zu Munneref um Scoutcenter Badboeschelchen, 1 route de Burmerange zu Munneref.
Organiséiert vun de Munnerefer Mais zesummen mat der Amicale vun de Munnerefer Mais.
Fir Iessen an Drenken ass beschtens gesuergt.
Ab 15h00 kennt dir bei ons kommen. Um 19h00 get d'Buerg ugefaangen.
Eng Navette brengt Iech vum Parking bei der Gemeng op de Badboeschelchen.

2020.03.01_MM_Buergbrennen.jpg
Voir l'événement →
Wintergames 2020 // Roverquiz 2020
févr.
29
6:30 PM18:30

Wintergames 2020 // Roverquiz 2020

https://www.facebook.com/events/485010688799685/

!!FNEL EXCLUSIVE EVENT!!

Aber Scheiß Drauf! Roverquiz ist nur einmal im Jahr
Ole, Ole und Schalala!

GRÜEZI ALLE MITEINANDR'! DER BERG RUFT!

Io genau! Och 2020 ass erem en RoverQUIZ. An hei geet et héich erop an d'Bierger!
Besteigt der de Gipfel vum Wintergamespodium? oder geet et méi séier wéi der kucke kënnt mam Schlepplift erof an de Keller?

Mell dai Groupe un ab dem 1. Dezember op quiz@lionsbleus.lu

Méi Detailer kritt der dann hei am Event oder op Ärem Gruppeskipass no der Umeldung!

Voir l'événement →
Kannerfuesbal - bei de Pantheren
févr.
9
2:00 PM14:00

Kannerfuesbal - bei de Pantheren

https://www.facebook.com/events/459510048030753/

Grousse Kannerfuesbal vun de Panthères Noires Lorentzweiler

Flott Animatiounen a Spiller
Concours mat Präisser fir déi schéinste Masken

Kaffisstuff mat Kuch vun onse Memberen

Grouss Tombola + Tombola all Louss 1 Gewënn
... an nach villes méi!


Grand carnaval pour les enfants

Beaucoup d'animations et de jeux
Concours avec des prix pour les plus beaux masques

"Kaffisstuff"

Grande tombola
... et beaucoup plus!

Voir l'événement →
Grouss BAACK-Aktioun bei de bloë Léiwen
févr.
1
11:00 AM11:00

Grouss BAACK-Aktioun bei de bloë Léiwen

https://www.facebook.com/events/512341009374738/

Ënnerstëtzt eis ALLEGUERTEN an kommt laanscht lecker Fueskichelcher kaafen. Dës ginn frësch gebaackt, verpaack & verkaaf vun eisen Kanner...Fir sëcher ze goën dat der der kritt, kënn dir së awer och schon am Viraus bestellen (kleng/grouss Tuut - 3€/5€) per mail op cg@lionsbleus.lu.
Oofhuelen/Bezuelen kënn der är Tuut(en) vun 11-17:30 Auer bei eisem Home.
Mir freen eis elo schons fir all verkaaften Tuut :)
- - - - -
Kommt also einfach laanscht än gönnt Ierch eng Leckerei...
mir zielen op Ierch ;)
lèif Grèiss, CORSU Staff

Voir l'événement →
Népal, pays de contrastes - Exposition photo (Vernissage)
janv.
31
7:00 PM19:00

Népal, pays de contrastes - Exposition photo (Vernissage)

https://www.facebook.com/events/473452276675471/

Le Népal est un pays fascinant et déconcertant, où se côtoient de nombreuses ethnies et cultures, la tradition et la modernité, la foule de la ville et le calme des villages reculés, les plus hautes montagnes du monde et une jungle dense et sauvage.

L’exposition « Nepal, pays de contrastes » de l'ONGD-FNEL rassemble des images prises par Marc Hammer et vous fera voyager au cœur de ce pays et de ses facettes multiples, pour mieux le comprendre.

Le vernissage aura lieu le vendredi 31 janvier à 19H et vous pourrez découvrir l’exposition jusqu’au 14 février.

Pendant le weekend, nous vous proposerons également un atelier de sérigraphie et des retransmissions du film « Rajani », le témoignage inspirant d’une jeune népalaise née dans les hautes montagnes et séparée très jeune de sa famille.

Voir l'événement →
HIERKENOWEND BEI DE LOUPS BLANCS
janv.
31
7:00 PM19:00

HIERKENOWEND BEI DE LOUPS BLANCS

https://www.facebook.com/events/1396999420468576/

Loups Blancs invitéieren op hieren traditionnellen Hierkenowend.

Menu:
- 4 Hierkenfileten mat gequellten Gromperen, Dessert an enger
Tass Kaffee, Präiss: 15€ (zousätzlege Filet: 2,5€)
- Pasta, Dessert an enger Tass Kaffi, Präiss: 12€
- Pasta Napolitaine, Dessert an enger Tass Kaffi, Präiss: 12€
- Kannerteller: Halwe Präiss

Meld Iech w.e.g. bis Mëttwochs, de 25. Januar 2020 beim Luc Kraus un. (Tel.: 43 90 61 - 488 / 603; Fax: 43 90 61 - 456 oder E-Mail: luc.kraus@education.lu)

Voir l'événement →
Wëldiessen - soirée gibier
janv.
25
7:00 PM19:00

Wëldiessen - soirée gibier

https://www.facebook.com/events/584421745466788/

De 25. Januar 2020 ass dat traditionellt Wëldiessen um Scoutscenter Badboeschelchen 1, route de Burmerange zu Munneref, organiséiert vun der Amicale vun de Munnerefer Mais. Et geet lass um 19 Auer.
Um Menü steet Réiréck (Menü A fir 60€) oder Wëldschwäinsragout (Menü B fir 45€).
Am Menü sinn nieft dem Haaptplat eng Amuse-bouche, eng Entrée, Kéis, Dessert a Kaffi mat dran. Umellen bis spéistens den 21.01.2020.
D'Iwwerweisung op de Kont vun der Amicale vun de Munnerefer Mais
CCPL IBAN LU77 1111 7025 2147 0000 gëllt als Umeldung !
Gitt w.e.g. de Numm an de Menü un !

Voir l'événement →
Assemblée générale LBB 2020
janv.
25
6:30 PM18:30

Assemblée générale LBB 2020

https://www.facebook.com/events/2582654941832152/

Mir lueden häerzlech all ons Memberen, (Beaver, Wëllef, Scouten/ Guiden, Explorer, Rover, Amicale), Elteren (Mammen & Pappen), Frënn, Bekannten souwéi ons "Amis des Lions Bleus" an op ons Assemblée Générale 2020 vun der a. s. b. l. "Les Lions Bleus Bonnevoie" déi am Home FNEL um Fetschhaff um Cents oofgehaalen gëtt.
Ufank ass pénktlech um 18.30 Auer.
Wéi all Joer freeën mir ons iwwert Är Präsenz an wäerten ons all Méi ginn dës Assemblée sou flott & intressant wéi méiglech ze gestalten.
- - - - -
Wéider Informatiounen fann der op der Souche (am Unhang)
- - - - -
Denkt drun Ierch wgl unzemelden per Souche oder per mail op:
cg@lionsbleus.lu bis den 18.01.2020.
Mir gèifen eis super freen wann der gèift kommen :)

Voir l'événement →
CBDM's Scoutsfête 2020
janv.
25
6:00 PM18:00

CBDM's Scoutsfête 2020

  • 34, Rue Emile Lavandier Luxembourg, District de Luxembourg, 1924 Luxembourg (carte)
  • Google Agenda ICS

https://www.facebook.com/events/443251406623131/

Endlech ass et souweit!
CBDM's Scoutsfête ass op en neits annoncéiert.

Desst joer steet um Programm:

🎭 "De Besuch" - eng Komedie an 3 Akten ennert der Coordinatioun vum Guilhem Turk an Christian Schmitz an ennert der Régie vum Paule Lemmer an Christian Schmitz.

🍽 Um Menu steet: Bouchée à la Reine, mat Räis a Geméiss.

🌍 Gespillt gett sou wei emmer am Centre Culturel zu Hollerech.

Voir l'événement →