Internationalen Volontariat

Sech international als Benevole ze engagéieren ass eng enorm Erfarung. Du kriss net nëmmen d'Méiglechkeet all Dag fräiwëlleg eng Hand mat unzepaacken, mee du leiers nierwenbei och nach nei Leit an aner Kulturen aus der ganzer Welt kennen. Falls genau dat dir zouseet, dann luuss dach mol bei deenen 2 Programmer hei nidderbrennen eran.


Kandersteg Volunteer Staff (PInkie)

Den internationalen Scout Center zu Kandersteg an der Schwäiz (KISC) ass dat ganzt Joer iwwer op an dat net nëmmen fir Scouten mee fir all Mënsch. Fir esou een Scout Center ze geréieren, ass een natierlech op d'Ënnerstëtzung vun enger ganzer Partie Frräiwellecher ugewisen déi lenks an riets eng Hand mat unpaacken. Du kanns dech als sougenannten Pinkie engagéieren fir d'Servicer ronderëm dësen Scout Center ze bedreiwen (Programm, Administratioun, Accueil, etc.). Méi Informatiounen fënns du ënnert folgendem link.


Service Volontaire Européen

european_flag.png

Du kanns dech och nieft den Scouten als Benevole engagéieren. D'European Youth Portal offréiert dir eng ganz Partie Programmer wou du dech op europäeschem Niveau, awer och ausserhalb engagéieren kanns. Wann dat dech intresséiert dann lies dech dach einfach mol bëssen duerch hier Internetsäit.