SCOUTismus

Nationale Scoutismus

Scouten, dat ass en edukativen Mouvement, deen op der ganzer Welt eng 40 Millioune jonk Leit begeeschtert.

D’Method vum Learning by doing ass hei Programm.

Zesummen am Grupp spillen, erliewen, plangen a Responsabiléit iwwerhuelen an dobäi ëmmer säi perséinlecht Bescht ze ginn, dat ass eist Zil.

internationale Scoutismus 

 Internationale Scoutismus passéiert op ganz villen Niveauen:

  • Op Campe mat internationaler Participatioun (Together),

  • Op de WOSM Aktivitéiten: JOTA/JOTI, JAMBOREE, ROVERMOOT AWAY

  • Op enger Aktivitéit mat dengem Grupp oder der ganzer FNEL

  • Am Ausland zesumme mat de lokale Scouten

  • Am regelméissege Kontakt vun engem Grupp mat engem auslännesche Grupp

  • Dem Accueil vun engem auslännesche Grupp bei eis.

Internationale Scoutismus heescht, dass mir als FNEL en Deel vun enger grousser Weltorganisatioun sin: WOSM.

Dat bedeit:

  • Matbëstemme, wat op internationalem Plang leeft,

  • D’Wiele vu Vertrieder op Europa- a Weltniveau

  • Prioritéite setzen u wat mer di next Joere schaffen mussen.