Ethikkodex

 

D'FNEL SCOUTE-Politik bezüglech der Qualitéit vun der Animatioun

Charta, déi vun eise Cheffen ënnerschriwwe gett: 

CHEFFE Verspriechen

Ech verspriechen op Eier a Gewëssen, méng Charge am Geescht vum Scoutsgesetz, an am Sënn vun de Statute vun der FNEL voll a ganz ze erfëllen a bridderlech iwwert déi mir uvertraute Jongen a Medercher ze waachen.

An deem’s ech de ‘’Respect-it’’ ënnerschreiwen, engagéieren ech mech Aktivitéiten z’organiséieren an ëm ze setzen, déi souwuel d’internationaler Konventioun vun de Mënsche Rechter, d’internationaler Konventioun vun de Kanner Rechter, d’Charte vum SNJ ‘‘Prévention des risques lors d’activités avec jeunes’’, d’Charte ‘‘Education au développement durable’’, d’Gesetzer wéi och d’Statuten an d’Reglementer vun der FNEL respektéieren.

Ech, als Chef, engagéiere mech :

  • Dem SCOUT seng physesch, moralesch a psychesch Grenzen ze respektéieren.
  • Aktivitéiten z’organiséieren déi op Vertrauen, Respekt a Bridderlechkeet opbauen.
  • E léierräiche Programm, deen en Challenge fir de Scout duerstellt z’organiséieren an dobäi d’Sécherheet am A ze behalen.
  • Dem SCOUT Wäerter virzeliewen an him eng gesond Liewensweis ze vermëttelen.
  • Zu all Moment meng Responsabilitéit kennen z’iwwerhuelen.
  • En oppenen an éierlechen Austausch mat den Elteren ze féieren.
  • En oppent Ouer fir de SCOUT ze hunn a net ewech ze kucken.
  • Beduecht a vertrauensvoll mat perséinlechen Donnéeën a Medien ëmzegoen an
  • Dës Prinzipien dem SCOUT mat op de Wee ze ginn.

Du bass net nëmmen Scout’s Responsabel. Et ass un dir fir iwwert de ‘‘Respect-it’’ eraus ze goen a flott Scout’s Aktivitéiten z’organiséieren an deem’s de dech op d’Prinzipien an d’Wäerter vum Scoutismus baséiers. Dobäi gëss du vun dengem Grupp an de Federalen Equipen ënnerstëtzt.

’Respect-it’’ gëllt fir all Erwuessenen deen un enger Scout’s Aktivitéit deel helt.

Ech engagéiere mech hinnen den Inhalt matzedeelen an se ze bieden dësen ze respektéieren.

 

 
STICKER_RESPECT-IT.png