Rover Pursuit – Rover Quiz 2017

D‘Gréng Scoute vun Diddeleng an d’Stengeforter Deckelsmouken invitéieren iech häerzlech op déi nächst Editioun vum Rover Quiz.

Den 18. Februar 2017 um 19:00 Auer am Atelier an der Stad.

Dresscode: Unicolor pro Grupp!

D’Faarf ass egal, Haaptsaach dir als Grupp hutt déi nämlecht un! A wéi mir all ob 7ème geléiert hunn ass Schwaarz a Wäiss ass keng Faarf 😉

Eng Maximal Unzuel vu Leit pro Grupp ass net uginn. Solls du eleng aus dengem Grupp sinn ass dat kee Problem.

Sollte mir genuch Leit hunn, gëtt eng extra Grupp gegrënnt, mell dech also roueg un!

De Präis vun 20,00 € bréngs du w.e.g. mat an den Atelier.
Am Präis integréiert ass d’Owesiessen. Et gëtt och eng vegetaresch Alternativ, so eis bei der Umeldung Bescheed.

Fir de Parking rekomendéiere mir dir um Bouillon ze parken a mam Bus bis virun den Atelier gefuer ze kommen.

Umelle kanns du dech bis spéidstens den 2. Februar 2017 op linda_eenz@hotmail.com

Merci a lénks Patt,
D’Gréng Scouten vun Diddeleng an d’Stengeforter Deckelsmouken

Posted on January 26, 2017 in Chef News, FNEL News, News, Rover FederaL Aktivitéiten, Rover News, Roverresponsabel News

Share the Story

About the Author

Working @FNEL Scouts and Guides, I support our Communication & PR Team. I've been scout since the age of 10.

Leave a reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Back to Top

Sponsors

Sponsors

FNEL Contact

Tel: +352 26 480 450
Email: mail@fnel.lu

%d bloggers like this: