Den 29. Abrëll ass de grousse gemeinsamen Event vun der FNEL an den LGS fir de Projet Scouts Welcome Refugees: A gemëschte “Patrullen”, queesch duerch d’Gruppen, d’Branchen (vu Wëllefcher un) an d’Federatiounen, huele mir jeeweils e puer jonk Flüchtlinge fir deen Dag mat op e flotte Rallye duerch d’Stad. Op de verschiddene Poste gëtt et eppes fir de Käppchen an och fir de Bäichi, ma vrun allem geet et drëm an de Patrullen Team-Geescht ze beweisen De Rallye ass di beschte Geleeënheet fir nei Frënn, aner Kulturen an Iesse aus der ganzer Welt kennen ze léieren. De perfekten Dag also fir all d’Gurmangen, d’Schneekerten, an d’Virwëtzen ënnert Iech. http://![]()





