Camp Sauvage

Am Joer 1354 ass vun e puer Jonken an engem däischtere Bësch en neie Stamm entdeckt ginn: Op verschiddene Wiseplaze verdeelt, lafe Leit ronderëm. Déi Gruppe sinn equipéiert mat Schëlter, Déieren, Geschir, Zelter a weess der Däiwel wat net nach!

Fir net selwer gesinn ze ginn hunn di Jonk sech dunn op engem Fiels, wou se den Iwwerbléck iwwert de ganze Site haten, verstoppt fir der gelungener Mënschemass nozekucken an ze verfollegen wat do géing lafen.

No e puer Deeg huet sech erausgestallt, dass se sech a verschiddenen Dierfer opgedeelt, sech mat Paarten an Konstruktiounen opgerüst hunn, um Feier kachen an a geselleger Ronn zesumme liewen.

Wëlls du mat dobäi sinn,
da mell dech séier un!!

http://issuu.com/fnelscouten/docs/de_w__llen_2_final_version_2?e=23764652/45476275

Posted on March 7, 2017 in Beaverchef News, Chef News, Explorerresponsabel News, FNEL News, Gruppechef News, News, Roverresponsabel News, Scoutschef News, Wëllefcherschef News

Share the Story

About the Author

Leave a reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Back to Top

Sponsors

Sponsors

FNEL Contact

Tel: +352 26 480 450
Email: mail@fnel.lu

%d bloggers like this: